Diddelenger GemengerotDiogo Costa iwwerhëlt de Poste vum Alain Clement

RTL Lëtzebuerg
Et kënnt bei der LSAP zu engem Changement am Diddelenger Gemengerot.

Wéi d’Lokalsektioun vun der LSAP Diddeleng via Schreiwes matdeelt, gëtt dem Alain Clement säi Poste vum Diogo Costa iwwerholl. Den Alain Clement hat schonn am Juli aus perséinleche Grënn demissionéiert.

Den 31 Joer alen Diogo Costa ass domat de jéngste Member vum Diddelenger Gemengerot, an deem d’LSAP mat 10 Sëtz déi absolut Majoritéit huet.

Back to Top
CIM LOGO