
Dat schreift den Onofhängege Gewerkschaftsbond en Donneschdeg an engem Communiqué. Däitsch Medien haten d’lescht Woch gemellt, datt d’Proprietäre vu Breuninger wëlles hätten, d’Geschäfter an d’Immobilien ze verkafen. Den OGBL bedauert, datt een eréischt duerch Press dovunner gewuer gouf. D’Direktioun vum Bram hätt d’Informatioune géintiwwer der Gewerkschaft weder confirméiert nach dementéiert.