
D’LSAP hat déi zoustänneg Ministesch fir d’Digitalisatioun Stéphanie Obertin (DP) fir weider Explikatiounen an d’Kommissioun geruff. Bei enger sougenannter Ddos-Cyberattack ginn Internetsitten duerch massiv Ufroen iwwerlaascht, sou dass se net méi accessibel sinn. Wéi ee sech dogéint besser schützen kann, wollten déi Deputéiert wärend der Kommissiounssëtzung wëssen, mee konnten dono net vill soen, well d’Entrevue am Huis clos war. “Mer hunn net vill Äntwerte kritt. An do froen ech mech, wéi mer eis am Fong elo an Zukunft wëlle besser opstellen, wa mer Stand haut emol net richteg wëssen, wéi mer hätte solle besser reagéieren”, huet d’Liz Braz vun der LSAP ënnerstrach.
Et hätt een en nationale Scrubbing Centre, dee fir esou Attacke gemaach wier. Ma et hätt een erkläert kritt, dass deen net dofir do wier, fir Attacke vun esou engem klenge Volume ze botzen. Wéi ee Volume een da bräicht, dorobber gouf et keng Äntwert.
De Sven Clement vun de Piraten war no der Entrevue och alles anescht wéi zefridden: Et wier mat der Dampwalz iwwer d’Rechter vun der Oppositioun gefuer ginn. Hie fënnt et skandaléis, datt hei d’Majoritéit e Huis Clos decidéiert hätt, fir den Deputéierten de Mond ze verbidden iwwer Saachen, déi u sech op der Place publique diskutéiert géinge gehéieren. Senger Meenung no goufen nämlech keng Informatioune gedeelt, déi sécherheetsrelevant waren.
Hien huet d’Gefill, de Huis clos wier do gewiescht, fir dass net kéint no baussen doriwwer diskutéiert ginn, wéi schlecht Lëtzebuerg opgestallt wier a wéi wéineg d’Stéphanie Obertin fir d’Amt gemaach wier. Och d’Liz Braz huet kritiséiert, dass d’Ministesch gutt doranner wier, fir näischt ze soen. Gott sei Dank hätt d’Ministesch fir d’Digitalisatioun hir Beamten ëmmer dobäi.
A wéi huet d’Ministesch fonnt, dass op d’Froe vun den Deputéierte geäntwert gouf?
“Ech mengen, mir hu se mat der Hëllef vun den Experte fir déi technesch Froe gutt beäntwert kritt”, sou d’Stéphanie Obertin. Generell wier och den Ëmgang mat der Ddos-Attack virun engem Mount gutt gewiescht. All d’Mesurë wieren en place gesat ginn an d’Ofwier hätt gutt geklappt. Natierlech kéint een ëmmer Léieren aus esou enger Situatioun zéien. Dofir géing een och nach kucken, wat ee ka besser maachen. An Zukunft wéilt ee sech besser opzestellen. Wéi genau? Op déi Fro gouf et keng Äntwert.