Am Joer 2023D'ITM huet 581 onugemellte Kontrollen a Saachen Aarbechtsreegele gemaach

RTL Lëtzebuerg
Bei 167 Kontrolle goufen 283 Salariéë registréiert, déi entweder keng Openthaltserlabnis oder keng Aarbechtsgeneemegung haten.
© Andy Brücker

D’ITM huet 202 Aarbechtsstoppen a Geldstrofe fir e Gesamtbetrag vun iwwer 1,2 Milliounen Euro verhaangen.

Dat geet aus enger gemeinsamer Äntwert vun de Ministere Margue, Mischo a Gloden op eng parlamentaresch Fro vun der ADR ervir.

Alles an allem huet d’ITM am Laf vun 2023 méi wéi 17.000 Kontrollen gemaach. Déi 581 onugemellte Kontrolle goufen ebe geziilt am Kader vun der Ausbeutung duerch d’Aarbecht an der illegaler an irregulärer Beschäftegung duerchgefouert.

Am Laf vum Joer 2023 goufe sechs Urteeler op Basis vun Artikele vum Immigratiounsgesetz geschwat. Dräi Prisongsstrofe vun engem Mount respektiv zweemol néng Méint mat integralem Sursis goufe verhaangen. Et goufen dräi fest Prisongsstrofe vu sechs Méint respektiv zweemol 24 Méint gesprach.

Back to Top
CIM LOGO