Well keng Sozialwalen organiséiert goufenD'ITM huet Dossieren iwwer 500 Betriber opgemaach

RTL Lëtzebuerg
Dräi Deeg no de Sozialwale sammelt d'Gewerbeinspektioun weider d'Resultater aus de Betriber, wou gewielt gouf.
© RTL Grafik

Entretemps sinn d’Resultater aus 2.960 Firmen disponibel, wou ronn 8.400 effektiv Delegéiert gewielt goufen.

De leschte Resultater no kënnt den OGBL op d’Land gekuckt op 25,25 %, den LCGB op 13,7 % an d’Aleba op 4,2 % vun allen Delegéierten. An 230 Betriber goufen d’Walprozeduren nach ëmmer net finaliséiert.

Et bleiwen domat knapp 500 Firmen, wou guer keng Wale waren, obwuel dës u sech hätte missen organiséiert ginn. D’ITM huet Dossieren iwwert dës Betriber opgemaach a waart elo op Explikatiounen.

Wann dës net zefriddestellend ausfalen, wäert d’ITM Kontrollen an deene Firmen organiséieren.

Back to Top
CIM LOGO