
Eng Partie ONGe grad ewéi d’Parteien déi Gréng, déi Lénk, LSAP a KPL oder nach d’Gewerkschaft OGBL hate sech dem Opruff vum Comité pour une paix Juste au Proche Orient ugeschloss.
Den LSAP-Deputéierten a fréiere Kooperatiounsminister Franz Fayot huet a senger Ried, déi hien och op Instagram gedeelt huet, vun engem Massaker un der palästinensescher Populatioun a vu kollektiver Bestrofung geschwat. Hie géing sech schummen, datt d’Europäer “et net géinge fäerdeg bréngen”, der israeelescher Regierung ze soen, datt et duer geet an datt d’Lëtzebuerger Regierung Palästina net als Staat unerkenne wéilt.
Déi gréng Parteipresidentin Djuna Bernard huet sech och fir d’Unerkenne vun engem palästinensesche Staat ausgeschwat, wéi si op de soziale Medie schreift. Si géing d’Demonstranten opruffen, all hir demokratesch Moyenen ze notzen, fir hir Roserei auszedrécken, déi Roserei awer géint d’israeelesch Regierung an net géint Judden oder d’israeelesch Populatioun ze riichten.
Der Police no hu ronn 200 Leit un der Manifestatioun deelgeholl. Et wier näischt Besonnesches virgefall.