Um Donneschdeg sinn hir Successeuren an der Chamber, d’Djuna Bernard, de Jean-Paul Schaaf an den Dan Hardy vereedegt ginn.
Op der Bänk vun Gréng an CSV ass et ee Comeback. Bei der ADR ass et fir den Dan Hardy eng Première. Eng vu senge Prioritéite soll der Familljepolitik gehéieren.
“Vu dass ech selwer zwee Kanner hunn, weess ech, dass mir an der Familljepolitik verstäerkt op Elteren, déi Kanner grousszéien, mussen agoen. Da gehéiert och d’Lutte géint d’Aarmut zu menge politeschen Ziler, well den einfache Bierger huet et an dësen Zäiten ëmmer méi schwéier. Ech versti mech vun elo un als Volleksvertrieder an ech loosse mech gären doru moossen, wéi no ech an där Zäit bei de Bierger war”
Als Theemefelder huet hien och eng effikass Lutte géint d’Kriminalitéit genannt oder nach de besseren Zougang fir d’Bierger an d’Press zu den Informatioune vum Staat.
Den neien ADR-Politiker huet och nach emol eng Lanz fir Referendume gebrach, net just op nationalem, mä och op lokalen Plang.
Ënnerstëtzung krut an der Chamber op Basis vun enger Petitioun d’Fuerderung, fir dass d’CNS méi bei de Brëller rembourséiert. Eng Petitioun, déi réischt um Mëttwoch an der zoustänneger Chamberkommissioun ëffentlech zur Debatte stoung. Do gëtt via eng Motioun also ee konkrete Suivi gefrot.
De Kopleschter CSV-Buergermeeschter Thierry Schuman iwwerhëlt wéi erwaart d’Successioun vum Patrick Santer am Staatsrot.
Soss goung et op Demande vun der ADR ënnert anerem ëm de Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch. Eng Zort Revival vun enger Aktualitéitsdebatte Enn Januar.
Ugeholl gouf ee Projet fir d’Schafe vun engem Büro beim Enregistrement, dee sech exklusiv ëm d’Lutte géint Blanchiment an d’Finanzéiere vum Terrorismus bekëmmert. Ee Projet, dee vun alle Parteie gedroe gouf. Een Text, dee wichteg ass fir d’Credibilitéit vun der Finanzplaz an doriwwer eraus esou de Finanzminister Gilles Roth:
“Normalerweis denkt een d’Wäisswäsche vu Suen dat concernéiert d’Banken, dat concernéiert d’Assurancen oder aner Acteuren op der Finanzplaz....Wou hei spezifesch déi heite Sektioun am Enregistrement zoustänneg ass, dat sinn déi aner Domainer wou net esou oft driwwer geschwat gëtt mä wou de Risiko vun der Geldwäsch ëm sou méi grouss ass. Zum Beispill: Immobilien, Autoshandel, Konschthandel, Casinoen oder Bijoutieren fir nëmmen déi ze nennen.”
Guttgeheescht gouf d’Opstocke bei der Magistratur bannent den nächsten 3 Joer ëm iwwer 90 Leit. Rentrée um Krautmaart ass den 8. Oktober. deen Dag gëtt den Ierfgroussherzog Guillaume Lieutenant-Représentant vum Grand-Duc