CHLD’Kannerklinik stéisst ëmmer nees un hir Limitten

Lynn Cruchten
Sascha Georges
Dat war och scho virun der Corona-Pandemie de Fall. 35 Better sti maximal zur Verfügung, wat der Demande awer net gerecht gëtt.
D’Kannerklinik stéisst ëmmer nees un hir Limitten
Dat war och scho virun der Corona-Pandemie de Fall. 35 Better sti maximal zur Verfügung, wat der Demande awer net gerecht gëtt.

De 15. Januar sollen awer aacht Better bäikommen. Och wat d’Dokteren ugeet, gouf opgestockt. Et feelt nach een, fir op déi néideg 12 ze kommen. Just iwwer méi Fleegepersonal, wat duerch déi zousätzlech Better néideg gëtt, géif nach verhandelt ginn.

De Manktem u Better an der Kannerklinik ass net nei, erkläert d’Dr. Martine Goergen, Directeur Médical vum CHL. Ënnert anerem wier de Bevëlkerungszouwuess Schold:

“Dat gesäit ee schonn eleng mat der Maternité, wou mer iwwer 3.000 Gebuerten am Joer hunn. A wann een dat dann extrapoléiert iwwer all déi Joren, da kënnt ee schnell op de Chiffer, wou een och gesäit, dass een dat mat deene Better hautdesdaags net méi sou ka stemmen. D’Betterbeleeung an enger Kannerklinik ass ëmmer fluctuant. Dat ass am Summer manner, wéi am Wanter. Am Wanter hutt der haaptsächlech ëmmer d’Bronchiolittë bei de Bëbeeën, wat e grousse Sujet ass, an do dobäi kënnt eben elo mat der Pandemie och nach de Covid.”

Aktuell ginn an der Kannerklinik sechs kleng Patiente wéinst Bronchiolitte behandelt. D’Lescht Woch waren et der 13. Zwee Kanner waren um Donneschdeg wéinst Covid am Spidol a Behandlung. De Maximum zënter dem Ufank vun der Pandemie wieren der sechs op engem Dag gewiescht.

Better an der Kannerklinik - Reportage Sascha Georges

Back to Top
CIM LOGO