Generalversammlung vun de Forainen"D'Leit kommen erëm gären op d'Kiermessen"

Pierre Weimerskirch
Den Ament sinn eng 45 Famillen zu Lëtzebuerg als Forain aktiv. Op der Generalversammlung e Freideg gouf e positive Bilan gezunn.
De Conseil vun der FNCF, der Federatioun vun de Forainen.
De Conseil vun der FNCF, der Federatioun vun de Forainen.
© Pierre Weimerskirch

“D’Leit kommen erëm gären op d’Kiermessen”, dat sot de President Charles Hary. D’Zuel vun de Forainen ass an de leschte Jore konstant bliwwen. Den Interessi, eng Kiermes a seng Gemeng ze kréien, wier och do, esou soll dëst Joer ënnert anerem zu Wolz eng nei Kiermes sinn.

De Conseil vun der FNCF, der Federatioun vun de Forainen.
De Conseil vun der FNCF, der Federatioun vun de Forainen.
© Pierre Weimerskirch

Austausch mat de Gemenge wichteg

Zu Iechternach ass den Ament e gréissere Chantier op der Maartplaz. Vun de Verantwortlechen hätt een awer Versprach kritt, dass all Forain eng Plaz kritt, esou de Generalsekretär vun de Forainen, de Gilbert Legil.
Zu Esch gouf de Chrëschtmaart 2024 gekierzt, dat wier net esou gutt ukomm bei de Memberen. D’Päischtkiermes zu Esch wier och wéinst Blummen op der Gemengeplaz ëmdisponéiert ginn. Verschidde Forainen haten hire Stand op der Brillplaz, dat wier awer net ideal gewiescht, esou de Generalsekretär: “Do sinn einfach keng Leit komm.” 2025 géif net méi jiddereen eng Plaz kréien, op der Brillplaz wiere keng Stänn méi an d’Blummebacken op der Gemengeplaz géifen net ewechgeholl ginn.

Och mat de Gemeng Diddeleng ass een sech net eens ginn. Fir de Virowend vun Nationalfeierdag an den Dag selwer mussen d’Forainen hir Dieren zouloossen. An de nächste Jore misst d’Kiermes zu Diddeleng duerch d’Fête de la Musique e puer Mol gekierzt ginn.

Kläppereien zu Déifferdeng

Problemer gëtt et och zu Déifferdeng. Op der Plaz wou d’Kiermes ëmmer war, ass nieft engem Lycée, deen elo do steet och e Chantier. 2027 wieren do d’Aarbechten ofgeschloss, bis dohin hätte een e puer Stänn manner.
Wéinst Persounen, déi um Weekend owes Zodi schloen, a well et och schonn zu kierperlechen Ausernanersetzunge komm ass, huet d’Gemeng Déifferdeng eng Sécherheetsfirma fir de Weekend virgesinn.

Foraine fir d’Oktav zeréck um Knuedler

Vum 10. Mee bis de 25. Mee ass de Mäertche fir d’Oktav dëst Joer nees um Knuedler, esou de Laurent Schwaller Plaz-Meeschter vun der Stad Lëtzebuerg. Et géife keng grouss Restauranten do stoen, et hätt een d’Konzept wëllen änneren. De Laurent Schwaller huet d’Zesummenaarbecht mat de Foraine gelueft an insgesamt vun engem gudde Joer geschwat.

Den Aumônier vun de Forainen ass de Generalvikar Patrick Muller. Hie begréisst et, dass d’Forainen dëst Joer fir déi 400. Oktav nees um Knuedler sinn an do d’Pilgerinnen a Pilger empfänken. Ausserdeem sot de Vertrieder vum Bistum, dass d’Glaciskapell dëst Joer elo komplett fäerdeg ass no de Reparatiounsaarbechten.

© Pierre Weimerskirch

E puer Datumer vu grousse Kiermessen

4.04-21.04: Esch
10.05 -25.05: Mäertchen um Knuedler
27.06-13.07: Diddeleng
19.07-3.08: Ettelbréck
1.08-15.08: Dikrech
22.08-10.09: Schueberfouer

Back to Top
CIM LOGO