Schüler aus ganz Lëtzebuerg kënne bei dëse Concoursen hir sougenannte Skills an 32 verschiddene Beruffer weisen. Vum Kach bis zum Plätterchersleeër oder Florist ass alles dobäi. D’Zil ass et, mat der Hëllef vun hire Kenntnisser an Erfarungen, Aufgaben an hirem Beruff auszeféieren.
D’LuxSkills goufen dëst Joer a fënnef Evenementer agedeelt. Een Evenement dovunner war an der Hotelschoul zu Dikrech, wou de Service vum Kach, der Hotelsreceptioun, der Patisserie an dem Restaurant gepréift goufen. En aneren Evenement ass an der Akerbauschoul, wou et Concoursen als Bëschaarbechter, Fleuriste, Landschaftsgäertner a Mechatroniker fir Maschinne gouf.
D’Gewënner kënne bei den Euro- an de Worldskills matmaachen. Dëst Joer ginn d’WorldSkills zu Lyon organiséiert, wou 1.500 Kandidaten aus iwwer 80 Länner deelhuele wäerten.