Géif de Christophe Schiltz ersetzenD'LSAP ënnerstëtzt d'Kandidatur vum Max Leners, fir Member am Staatsrot ze ginn

Roy Grotz
Beim Vott am Generalrot vun der Partei gouf hie vu 84 Prozent vun de Memberen als éischte vun dräi Kandidate gewielt.

RTL-Informatiounen no gouf de Max Leners, deen als lénken Aktivist gëllt, aktiv vun der Parteileedung ënnerstëtzt, fir bannent dem Staatsrot fir e Méi u Politik ze suergen.

Den LSAP-Politiker gouf virun de leschte Chamberwale virun allem duerch eng Publikatioun, “Das politische ABC des Luc Frieden”, bekannt, an där hien den aktuelle Premier Luc Frieden a seng “neoliberal Politik” zolidd kritiséiert huet.

De Max Leners koum bei de Legislativwalen zejoert op der LSAP-Südlëscht mat knapp 17.000 Stëmmen op déi 17. Plaz a gouf deemno net an d’Chamber gewielt.

D’LSAP schreift, si wier houfreg, mam Max Leners deene Jonken eng Stëmm am Staatsrot ze ginn.

Back to Top
CIM LOGO