Onkloer Rechnunge vun de PiratenD'Malt-Affär war e Méindeg Thema an enger Chamberkommissioun

Roy Grotz
Jean-Marc Sturm
An der Affär ëm d'Sproochen-App MALT waren e Méindeg Vertrieder vun der Finanzinspektioun IGF an dem Wirtschaftspréiwer KPMG an der Chamber.
De Piraten-Deputéierte Marc Goergen schwätzt vun Dokumentefälschunge bei de prestéierten Zerwisser vun der Iwwersetzungsapp MALT.
De Piraten-Deputéierte Marc Goergen schwätzt vun Dokumentefälschunge bei de prestéierten Zerwisser vun der Iwwersetzungsapp MALT.
© RTL-Archiv

“Malt” steet fir eng Sproochen-App, déi d’Pirate-Partei fir den Office National de l’Accueil (ONA) fir haaptsächlech Asyldemandeuren aus dem arabesch-sproochege Raum sollt entwéckelen.
Et gouf awer e fermen Duerchernee beim Ofrechnen an dat soll elo, nodeems d’Finanzinspektioun an KPMG gehéiert goufen, deels zolidd Konsequenze kréien.

D’parlamentaresch Budgetskontrollkommissioun huet sech e Méindeg mat de Reprochen un d’Adress vum Sven Clement befaasst, déi de Piraten-Deputéierte Marc Goergen bei eis thematiséiert a bei der Justiz denoncéiert hat. D’Chamberkommissioun leed d’Reproche iwwer méiglech penal Faiten, wéi zum Beispill Fälschung, déi de Marc Goergen an engem Bréif formuléiert huet, un d’Conférence des Présidents, fir dass dee Bréif un de Parquet geet.

Ma och den ONA, deen d’Sproochen-App an Optrag ginn huet, réckelt an ee schlecht Liicht. De President vun dëser Chamberkommissioun Franz Fayot (LSAP) mat Beispiller, wat net beim ONA senge Kontrollprozedure geklappt kéint hunn:

“Audit-Pisten, déi net kënne verfollegt ginn; Piècen, déi net do waren; Timesheets, déi net konform waren zu de Kontrakter; Kontrakter, déi eréischt " après coup” gemaach goufen. Bref, hei sinn eng ganz Rei Problemer, déi konstatéiert goufen.”

D’Cour des Comptes soll elo kucken, wat bei der ONA an de Prozeduren alles schifgelaf ass.

D’Stéphanie Weydert CSV schwätzt vun erschreckende Reprochen:

“Ech menge bei der Piratepartei wësse mir scho méi laang, dass eng Gestion en bon père de famille net esou evident ass, mä, dass an enger Verwaltung och net déi beschte Zoustänn herrschen, dat huet eis dozou gedréckt, dass mir d’Cour des Comptes aschalten.”

Grad esou erschreckend ass fir d’Deputéiert, dass dat alles am Kontext vum delikaten Dossier vum Asyl geschitt.

Back to Top
CIM LOGO