Gewerkschafte fuerdere besser Konditiounen"D'Märche vum räiche Banquier ass eriwwer"

Diana Hoffmann
E Freideg gesi sech d’Gewerkschaften (OGBL, LCGB, Aleba) mat der Bankenassociatioun (ABBL), fir iwwert de Kollektivvertrag ze verhandelen.
© Domingos Oliveira / RTL

D’Ufankspaien am Bankesecteur wier no beim Salaire social minimum, huet de Roberto Mendolia vun der Bankegewerkschaft Aleba ënnerstrach. D’Sylvie Reuter vum onofhängege Gewerkschaftsbond (OGBL) huet ugemierkt, dass de Barème am Kollektivvertrag vum Grupp A bei 3.305,50 Euro géing leien, de leschte Plaffong bei 6.017 Euro. D’Argument, dass d’Kompetitivitéit vum Land bei méi héije Salairen net gi wier, géing net stëmmen. Dat géing ee gesinn, wann ee géing mat Kollektivverträg vu Multinationale vergläichen, déi och net onbedéngt hire Sëtz an Europa hätten.

D’Banken hätten an de leschte Joren extrem Beneficer gemaach. Elo reklaméieren d’Gewerkschafte fir d’Salariéeën hiert Stéck vum Kuch. D’Majoritéit am Bankesecteur géing nämlech net un de Beneficer bedeelegt ginn. Gratifikatiounen oder Bonusse géinge selektiv verdeelt ginn a léichen dacks tëscht 300 a 500 Euro d’Joer. D’Märche vum räiche Banquier wier eriwwer, sot d’Sylvie Reuter.

D'Sylvie Reuter vum OGBl zum Bankekollektivvertrag
E Freideg gesi sech d’Gewerkschaften (OGBL, LCGB, Aleba) mat der Bankenassociatioun (ABBL), fir iwwert de Kollektivvertrag ze verhandelen.

Zwar léich enger Etüd vum Statec no d’Medianakommes am Bankewiese bei 95.000 Euro, ma dëst wier eng ural Statistik. Op déi Leit, déi e Kollektivvertrag hätten, géing se op alle Fall net zoutreffen. De Plaffong vun dësem géing scho laang net méi un d’Median-Joresakommes vum Secteur erukommen. De Median an d’Moyenne léiche wäit auserneen. D’Schéier tëscht deenen, déi gutt verdéngen an deenen, déi schlecht verdéngen, géing ëmmer weider ausernee goen. Doriwwer eraus fuerderen d’Gewerkschaften ënner anerem nach, dass bei der Augmentation linéaire vun de Paie misst nogebessert ginn.

Antëscht hätt ee Problemer, d’Leit am Secteur ze halen. De Wiessel vu Jonken an de Banke wier grouss. Wann ee wéilt Talenter unzéien, wéi dat ëmmer vun der Regierung géing gesot ginn, misst ee besser Konditioune bidden. D’Gewerkschafte fuerderen dann och e Compte d’épargne formation. D’Formatioun soll net just en individuellt Recht sinn, mee d’Stonne sollen och op e Konto kommen.

Der Bankenassociatioun ABBL geheien d’Gewerkschafte bei de Verhandlungen ëm de Kollektivvertrag eng gewëssen Arroganz vir. Op der Reunioun wier hinne reprochéiert ginn, ze gurmangseg ze sinn. Domat wiere si Schold, wann et géing zu Licenciementer kommen. D’Aleba, den OGBL an den LCGB fannen, d’Verhandlunge wiere bis elo net léisungsorientéiert gefouert ginn.

D’ABBL wollt d’Aussoe vun de Gewerkschaften an de lafende Verhandlungen net kommentéieren. Wat d’Diskussioun iwwert d’Kompetitivitéit vun de Banken an hir finanziell Lag ugeet, hätt een eng aner Lecture wéi d’Syndikater.

© Domingos Oliveira / RTL

Back to Top
CIM LOGO