Solidaritéitspak 3.0D'Mesuren, fir d'Stéit ze ënnerstëtzen, goufen ugeholl

RTL Lëtzebuerg
D'Chamber huet en Donneschdeg de Mëtteg eng Rei steierlech Mesurë eestëmmeg ugeholl, déi op den Tripartite-Accord vum Mäerz dëst Joer zréck ginn.
Eng Affiche mat Erklärungen aus dem Mäerz 2023.
Eng Affiche mat Erklärungen aus dem Mäerz 2023.
© Archiv

Vum 1. Januar 2024 u gëtt d’Steiertabell fir physesch Persounen un d’Inflatioun ugepasst, an dat an Héicht vun zwou an eng hallef Indextranchen.

Retroaktiv kënnt e Steierkredit op den 1. Januar dëst Joer, deen zwou Indextranchen ausgläicht. Dee Steierkredit gëtt all Mount vum Patron ausbezuelt, d’Méint, déi scho laanscht sinn, ginn an enger Kéier ausbezuelt.

Déi Mesurë kommen de Leit an de Famillen ze gutt, schreift d’Regierung an engem Communiqué. Bei engem Celibataire ouni Kanner, dee ronn 3.000 Euro brutto verdéngt, sinn et 245 Euro, déi deen dëst Joer spuert. Dat nächst Joer 285 Euro.

Bei enger Brutto-Jores-Pai vu 60.000 Euro spuert een dëst Joer 525 Euro an 2024 705 Euro. Weider Beispiller fënnt een op rtl.lu.

Zousätzlech ass och virgesinn, datt een an Zukunft ka méi Zënsen vun engem Immobiliëprêt ofschreiwen.

Fir eng Koppel mat zwee Kanner an engem Immobiliëprêt sinn dat 2.460 Euro, déi dës Famill dëst Joer spuert, huet de Finanzministère ausgerechent.

Eng Affiche mat Erklärungen aus dem Mäerz 2023.
Eng Affiche mat Erklärungen aus dem Mäerz 2023.
© Archiv

Link: D’Detailer zum Solidaritéitspak 3.0 um Site vum Finanzministère
RTL-News: Steierlech Entlaaschtungen - Wat mécht de Solidaritéitspak 3.0 am Portmonni aus?

Back to Top
CIM LOGO