Assemblée plénière constituanteD'Nora Back als nei-al CSL-Presidentin zeréckgewielt

Roy Grotz
No de Sozialwalen huet sech d'Chambre des Salariés eng éischte Kéier an der neier Plenière mat sengen 60 Memberen gesinn.
© CSL

Assistéiert gëtt d’CSL-Presidentin dat nächst 5-Joeres-Mandat vun de Vize-Presidenten Patrick Dury (LCGB) a Jean-Claude Reding (OGBL).

An hirer Untrëttsried huet d’Nora Back ë.a. de Fokus op d’Formatioun, d’Kanneraarmut an d’Steierongerechtegkeet geluecht, déi weider soll ausgebaut ginn. De Formatiouns-Congé géif bei wäitem net duer goen, duerfir misst deen erhéicht ginn.

Reformen a Moderniséierunge ginn och an der Beruffsausbildung fir d’ Apprentien gefuerdert.

A punkto Steieren sot d’OGBL-Presidentin, datt et intenabel wier, datt Kapitalereträg an de Patrimoine net géife besteiert ginn - dës Ongerechtegkeete géifen wuel och déi nächst Jore bestoe bleiwen.

Enttäuscht weist sech d’CSL-Presidentin iwwert d’Annoncë vum Premier Frieden iwwert de Logement an d’Klimapolitik - et wier kee grousse Worf a scho guer kee Paradigmewiessel, mee éischter e Spuerpak.

An der CSL-Plenière mat sengen 9 Gruppen huet den OGBL mat 37 Sëtz d’Majoritéit, virum LCGB mat 17 Memberen, der Aleba mat 5 Sëtz an engem Syprolux-Vertrieder.

Knapp 617.000 Wieler waren opgeruff, fir bei de Sozialwalen mat ze maachen - um Enn haten eng 210.000 Salariéen a Pensionären hire Stëmmziedel ageschéckt, wat enger Bedeelegung vun 34% entsprécht.

An d’CSL goufen och 17 Frontalieren gewielt - 27 Memberen sinn nei an deem Gremium dobäi.

Back to Top
CIM LOGO