D'Woch op RTLD'Nouvellen, déi Leit beweegt hunn

RTL Lëtzebuerg
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

EeJoer Ukrain-Krich
De 24. Februar 2022 huet de Wladimir Putin seng Truppen an d’Ukrain geschéckt. Ee Joer drop leescht Kiew nach ëmmer Widderstand. De ganze Réckbléck fannt Dir hei. An deem Kader hu mir och mat engem Lëtzebuerger geschwat, deen zu Kiew gelieft huet an zeréck op Lëtzebuerg flüchte misst.

Weidert Äerdbiewen
Knapp 2 Wochen nodeems e schwéiert Äerdbiewen am tierkesch-syresche Grenzgebitt méi wéi 47.000 Doudeger gefuerdert huet, ass et op der selwechter Plaz zu engem neien Äerdbiewe komm. D’Biewen hat eng Stäerkt vu 6,4 an huet op d’mannst 6 Mënschen d’Liewe kascht.

Logement war dës Woch rëm e grousst Thema
De Mëttwoch waren d’Logementsassisen an der Abtei Neimënster. De Logementsminister Henri Kox hält weider um Mietgesetz fest an wier bereet de bëllegen Akt ze ze erhéijen. De Logement war en Donneschdeg dann och Thema am Kloertext. Et soll a muss gebaut ginn, op d’mannst doriwwer ass een sech eens. Andeems an ëffentleche Wunnraum investéiert gëtt, soll anengems gehollef ginn Aarbechtsplazen z’erhalen. Sou eng vun den Aussoe aus der Diskussiounsronn.

Nei Reglementer fir alternativ Wunnformen
Eng vun de Léisunge fir géint d’Logementsproblematik virzegoen, sinn Tiny Haiser. Also kleng Haisercher op Rieder, déi net vill Plaz huelen. An der Regierung ginn elo Reglementer ugepasst, déi et erméigleche sollen d’Tiny Haiser besser an d’Gemengen ze integréieren.

“Net de Moment fir de Steierbarème unzepassen”
Dat sot d’Finanzministesch Yuriko Backes dës Woch op eiser Antenn. Knapp zwou Woche virun der Tripartite huet d’DP-Politikerin also d’Haaptfuerderung vun de Gewerkschafte verworf. Mam Argument, Lëtzebuerg wier an enger ekonomescher Kris.

Keen éiwegt Waarde méi bei der Barrière
De Méindeg geet nämlech de Contournement zu Luerenzweiler op.

“Ech verschlofe mäi Liewen”
Eise Journalist Dan Wiroth huet eng jonk Fra getraff, déi Narkolepsie huet, och d’Schlof-Krankheet genannt. D’Laura Bohy dierf net schaffe goen, net Auto fueren a muss quasi ëmmer begleet ginn, well Si zu all Moment kéint aschlofen.

Lëtzebuerger oder Belschen Index?
Och an der Belsch gëtt et de Prinzip vum Index fir eng Inflatioun auszegläichen. Mir hunn de Lëtzebuerger mam Belschen Index verglach.

D’Vicky Krieps am RTL-Interview
Déi Lëtzebuerger Schauspillerin erzielt iwwer hier Roll als Ingeborg Bachmann am Film “Ingeborg Bachmann - Reise in die Wüste”. Si schwätzt mat eis iwwert d’Preparatiounen, den Dréi an hir Garderob.

Affär Gréngewald-Diddeleng
Am Dammebasket huet de Conseil d’Appel decidéiert, dass d’Resultat vum Match Gréngewald géint Diddeleng bestoe bleift. Deemno huet Gréngewald d’Halleffinal vun der Coupe mat 78:77 gewonnen.

Den John Cale war zu Diddeleng op Besuch
Den 80 Joer ale Waliser huet viru vollem Haus een Abléck a seng laang Solo-Carrière gebueden. Mat senger 17. Studioplack “Mercy” mécht hien de Bilan vun engem Liewen als Renaissance-Mann an Avantgarde-Rocker.

Ze voll fir en Alkoholtest
Déi däitsch Police huet zu Mannheim net schlecht gestaunt, wou si e Mann opgeraf hunn, deen zu Fouss op der Autobunn ënnerwee war. De jonke Mann hat esou déif an d’Glas gekuckt, dass en Alkoholtest mol net méi méiglech war.

Back to Top
CIM LOGO