Réckbléck op ee Joer Krich an der Ukrain
De 24. Februar huet de Wladimir Putin seng Truppen an d'Ukrain geschéckt. Ee Joer drop leescht Kiew nach ëmmer Widderstand.
De Bilan vum Krich ass erschreckend: Zéngdausende si gestuerwen, Land an Ekonomie sinn zerstéiert.
Am fréie Moien hat de russesche Präsident eng "militäresch Sonderoperatioun" lancéiert, mam Zil, d’Ukrain souwuel ze "entmilitariséieren" wéi och ze "entnazifizéieren".
Den 21. Februar, dräi Deeg virum offizielle Krichsufank, huet de Putin déi separatistesch "Republicken" Luhansk an Donezk, am Donbass, fir onofhängeg erkläert. Déi "militäresch Sonderoperatioun" gouf dunn ënner dem Virwand lancéiert, d’Separatistegebitter ze verdeedegen. A Realitéit ass de Krich eng Eskalatioun vum Konflikt, dee schonn zanter 2014 amgaangen ass. Vun do un huet de Kreml de Krich géint Kiew am Oste vun der Ukrain ënnerstëtzt a gesponsert.
Déi russesch Arméi attackéiert aus der Loft a vum Bueden. Truppe marschéieren am Osten, Süden an am Norden, mat der Ënnerstëtzung vu Wäissrussland, an d’Ukrain an.
Nodeems méintelaang versicht gouf, op diplomateschem Wee de Krich ze verhënneren, gouf déi russesch Offensiv international staark verurteelt. De Westen huet eng Rei Wirtschaftssanktioune géint Russland verhaangen, déi mat der Zäit ëmmer méi streng gi sinn. D’EU huet eng éischte Kéier Waffeliwwerungen un d’Ukrain annoncéiert an d’USA hunn hinne milliardeschwéier Militärhëllef zougeséchert.
MASSAKER VU BUTSCHA
Bannent e puer Deeg hunn déi russesch Truppen dee wichtegen Hafe Berdjansk, déi no um schwaarze Mier geleeë regional Haaptstad Cherson an e puer weider Stied ronderëm Kiew an am nërdlechen Zentrum vum Land erobert.
D’Haaptstad Kiew krute si awer net ageholl. D’Resistenz vun den ukrainesche Truppe war enorm, ugefeiert vun hirem Präsident Wolodymyr Selenskyj.
Den 2. Abrëll huet d’Ukrain du matgedeelt, dass déi ganz Regioun Kiew befreit ass. Déi russesch Truppen hu sech an den Osten an an de Süden zeréckgezunn, fir do déi scho gewonne Gebitter "ënner Kontroll ze behalen".
An der verwüüster Stad Butscha sinn iwwerall op de Stroosse Läiche vu Zivilisten, déi skrupellos ëmbruecht gi sinn, fonnt ginn. Weider puer honnert Kadavere goufen a Massegriewer fonnt. Bei verschiddene waren och Spuere vu Folter ze gesinn.
Déi schrecklech Biller vum Massaker hunn déi ganz Welt schockéiert. Moskau huet sämtlech Krichsverbriechen ofgestridden.

© ARIS MESSINIS / AFP
D'CHUTE VU MARIUPOL
Den 21. Februar huet Russland verkënnegt, dass hir Arméi Mariupol ageholl huet. Zanter Mäerz hu si de strategeschen Hafen um Asowsche Mier belagert a bombardéiert. Dobäi hu si d’Vollek vu liewenswichteg Infrastrukturen, also Waasser, Stroum oder Heizung gekappt.
Dëst sollt et dem Kreml erméiglechen, seng Truppe vun der Krim, déi Moskau schonn 2014 annexéiert hat, an d’Separatistegebitter am Donbass ze verbannen.
Mä op en néits gouf den ukrainesche Kampfgeescht ënnerschat. Ronn 2.000 Kämpfer hu sech mat Honnerte vun Zivilisten ënnerierdesch verschanzt. Eréischt Enn Mee hu si sech zu gudder Lescht missen erginn.
Mariupol soll zu 90% zerstéiert sinn. Op d'mannst 20.000 Mënsche sinn do ëm d’Liewe komm.
D'UKRAINESCH GEIGENOFFENSIV
Ufank September huet déi ukrainesch Arméi dunn eng Géigenoffensiv ugekënnegt. Iwwerraschenderweis krute si déi russesch Linn am Nordoste séier duerchgebrach. Doropshin hunn déi russesch Truppen d’Regioun Charkiw missten opginn.
Am Süde gouf probéiert, déi regional Haaptstad Cherson, um westlechen Ufer vun Dnepr, zeréckzeeroberen. Bis dohi war dat nach ëmmer déi eenzeg regional Haaptstad a russeschen Hänn.
Schrëtt fir Schrëtt huet déi ukrainesch Arméi et fäerdeg bruecht, mat westleche Waffen e puer Dosen Uertschaften zeréckzeeroberen. Dobäi hu si ëmmer erëm russesch Munitiounslager an Versuergungslinnen an der Regioun bombardéiert. Symbolesch war besonnesch de Schued un der Krim-Bréck duerch eng Explosioun den 8. Oktober.
Zwar hat Moskau Enn September déi véier besate Regiounen, Luhansk, Donezk, Cherson a Saporischschja duerch, international awer net unerkannte Referenden annektéiert. Cherson hu se awer missen den 9. November opginn.
Zwee Deeg méi spéit war d’Stad erëm ënner ukrainescher Kontroll.
E VERHÄNGNISVOLLE WANTER
Vun Oktober un huet Russland systematesch ukrainesch Kraaftwierker mat Rakéiten an Dronen ugegraff an huet domat fir massiv Stroumausfäll am ganze Land gesuergt. D'Vollek huet missen an der Keelt an am Däischteren iwwerliewen.
Zanter September hat Russland ronn 300.000 Reserviste mobiliséiert. Am Januar ass déi russesch Arméi du mat hinnen zesummen a mat der Ënnerstëtzung vun der paramilitärescher Grupp Wagner erëm an d’Offensiv gaangen, besonnesch am Donbass. Den ukrainesche Präsident huet ëmmer erëm dono gefuerdert, an Ufank Februar hunn dunn d’Amerikaner an d’Europäer no laangem Zécken aus Angscht virun enger Eskalatioun versprach, Panzer ze schécken. Dat huet Moskau natierlech net gefall.

© AFP
An enger pathetescher Ried huet de Wladimir Putin geschwuer, seng Offensiv "methodesch" ze poursuivéieren. Zudeem huet hien den Ausstig aus dem russesch-amerikaneschen "New Start"-Kontrakt iwwer nuklear Ofrëschtung ugekënnegt.
De Weste wéilt "ee fir alle Mol mat eis Schluss maachen", sou de Putin. Hie beschëllegt d’USA an hir europäesch Alliéiert verantwortlech fir d’Ustachele vum Ukrainkonflikt an domat all sengen Affer ze sinn.
Den Joe Biden huet him nach den nämmlechten Dag an enger Ried zu Warschau geäntwert. De Weste géif keng Pläng schmidden, Russland unzegräifen, och wann de Putin dat géif mengen. Millioune russesch Bierger, déi just a Fridde mat hire Nopere wëlle liewen, wieren net de Feind.
Russland an d’Ukrain hunn zanter Méint keng Bilanz méi iwwert hir Verloschter virgeluecht, op déi ee sech kéint verloossen. No Donnéeën aus Norwegen ginn et ewell bal 180.000 Doudeger oder Verletzter aus der russescher Arméi an ëm déi 100.000 op der ukrainescher Säit. Dobäi kommen nach 30.000 Zivilisten, déi ëmbruecht goufen.