D'Diskussioun iwwer d'Assisë wier zwar ze begréissen, hätt awer vrun allem kloer gemaach, wéi oneens ee sech ass. Ënnert anerem dat war Thema am Kloertext.
Wéi dramatesch d'Situatioun ass, wier net bei jidderengem ukomm. Et bräicht en nationale gemeinsamen Effort a jidderee mat u Boot, fir d'Offer sou séier et geet auszebauen, och déi privat. Domat ass et dann awer och gedoe mam Konsens.
Ënnert anerem déi geplangt Reform vum Mietgesetz gouf nees hefteg kritiséiert. Dës wier an der Dunkelkammer ausgeschafft ginn a kontraproduktiv, well se Investisseuren ofschreckt a d'Locatairen net schütze géing.
De Staat wëll Projeten opkafen, déi op Äis leien. Ma wéi eng, wéi vill a fir wéi vill Euro konnt de Minister net soen. Säi iewescht Zil bleift awer nach ëmmer e Wunnrecht fir jiddereen, woubäi d'Recht op d'Wunne jo net dat selwecht ass, wéi den Dram vun den eegene 4 Wänn an d'Fro, déi opbleift, ob deen Dram, sou wéi déi aktuell Kris sech weider zouspëtzt, net einfach fir ganz vill Leit ausgedreemt ass.
"Et ass erëm Rou an der Koalitioun a mir fannen zesummen eng Léisung fir déi geplangte Reform vum Mietgesetz nach dës Legislatur duerch ze kréien."
Dovunner war de Wunnengsbauminister vun déi Gréng, den Henri Kox en Donneschdeg den Owend iwwerzeegt, wéi en Invité am Kloertext op der Tëlee war.
Un där geplangter Reform gouf et jo scho massiv Kritik, och vun deenen anere Regierungsparteien.
LSAP-Memberen haten an engem Bréif geschriwwen, si géife sech vum Minister bedru fillen.
Ee vun hinne war den Affekot Max Leners. Am Bréif wieren een, zwee Wieder gewiescht, déi bësse schaarf waren, ma sou ganz schéngt de Sträit nach net begruewen ze sinn.
Wat ass e gerechte Rendement fir de Proprietär? Doriwwer soll dem Max Leners no eng Kommissioun diskutéieren, déi vum Logementsminister geleet gëtt an an där eng ganz Rei Experte vertruede sinn. Fir de Co-Spriecher vun déi Lénk, de Gary Diderich, soll de Rendement net op éischter Plaz stoen, wann een iwwer Wunnraum schwätzt.
Fir weider politesch Diskussiounen iwwert déi Punkten, iwwert déi d'Politik sech net eens ass, huet de Jean-Paul Scheuren, de President vun der Chambre immobilière keng Gedold méi.
Et soll a muss gebaut ginn, op d'mannst doriwwer ass een sech eens. Andeems an ëffentleche Wunnraum investéiert gëtt, soll anengems gehollef ginn Aarbechtsplazen z'erhalen.
De Logementsminister well jo Projeten opkafen, déi déi privat Promoteuren den Ament net lass ginn, mä zu faire Konditiounen. De Ressortminister Henri Kox huet bedauert, datt et bis elo verpasst gouf, an den ëffentleche Wunnengsbau z'investéieren. E grousse Veto gouf et awer hei vum CSV Deputé-Maire Marc Lies.
Mat deene Suen déi do investéiert ginn, hätt ee 550 Wunnenge kéinte bauen, esou d'Rechnung vum Marc Lies, deen ënnerstrach huet, datt et am Groussen a Ganze wichteg ass erëm Vertrauen an de Logementsmarché ze schafen.
Eis Invitéeën am Kloertext waren
Henri Kox
Déi gréng
Logementsminister

© Eric Steichen
Jean-Paul Scheuren
President Chambre Immobilière

© Eric Steichen
Marc Lies
Deputé-Maire CSV
Logementsexpert

© Eric Steichen
Gary Diderich
Co-Spriecher déi Lenk
Gemengerot Déifferdeng
Administrateur "de WG Projet"

© Eric Steichen
Max Leners
Member LSAP-Kommitee & Fondatioun R. Kriebs
Affekot

© Eric Steichen
Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)