Coupe am DammebasketGréngewald kritt am Appell Recht

RTL Lëtzebuerg
Am Basket huet de Conseil d'Appel vun der Federatioun RTL-Informatiounen no decidéiert, datt d'Resultat vum Match Gréngewald géint Diddeleng bestoe bleift.
Gréngewald kritt am Appell Recht
Am Basket huet de Conseil d’Appel vun der Federatioun RTL-Informatiounen no decidéiert, datt d’Resultat vum Match Gréngewald géint Diddeleng bestoe bleift.

Gréngewald huet deemno d’Halleffinall vun der Coupe bei den Damme mat 78:77 gewonnen. Am Ufank vum Match hat Diddeleng 2 Punkte bäi kritt, déi ni gefall sinn, an hat um Enn op ee Punkt gewonnen. D’Resultat gouf nom Match revidéiert.

D’Verbandsgeriicht hat decidéiert, de Match nei ze spillen, de Gréngewald war dunn an Appell gaangen an krut an dëser Instanz Recht.

De President vum T71, de Marcel Wagener, sot an enger éischter Reaktioun, hie wier enttäuscht, datt een net d’Méiglechkeet hätt, dat Ganzt um Terrain ze decidéieren.

Marcel Wagener, President vum T71
Am Basket huet de Conseil d’Appel vun der Federatioun RTL-Informatiounen no decidéiert, datt d’Resultat vum Match Gréngewald géint Diddeleng bestoe bleift.

De François Manti, Trainer vun den Damme vum Gréngewald, sot am RTL-Interview, et wier ee frou iwwer d’Decisioun. Et wier letztendlech d’Realitéit um Terrain gewiescht, déi sech duerchgesat hätt.

François Manti, Trainer vun den Damme vum Gréngewald
Am Basket huet de Conseil d’Appel vun der Federatioun RTL-Informatiounen no decidéiert, datt d’Resultat vum Match Gréngewald géint Diddeleng bestoe bleift.

D’Coupefinall bei den Dammen a bei den Hären ass iwwerdeems fir den 18. Mäerz an der Arena vun der Coque.

Back to Top
CIM LOGO