Wallfaart bei d'Fatima op WolzD'Organisatioun vum Pelerinage ass mat vill Aarbecht verbonnen

Marc Hoscheid
Zanter 1968 gëtt all Joer op Christi-Himmelfaart eng Wallfaart bei d'Fatima op "Bäessent" organiséiert.
© Marc Hoscheid

Wa Wolz vun den däitsche Besatzer befreit géing ginn, da géinge si ee Sanctuaire zu Éiere vun der Muttergottes vu Fatima erbauen. Dat Verspriechen haten den deemolegen Deche vu Wolz an 10 Erwuessener ofgeluecht, wéi si sech wärend der Ardennenoffensiv am Keller vum Paschtoueschhaus verstoppt haten. Spéider hu si hiert Wuert gehalen, ma dat ass all Joers nawell mat zimmlech vill Opwand verbonnen.

Reportage vum Marc Hoscheid: Preparatioune fir d’Fatima zu Wolz

Eng 70 bis 80 Leit, déi meescht dovunner Benevollen, sinn um Niveau vun der Por an d’Organisatioun vun der Wallfaart involvéiert. D’Planifikatioun fänkt am Fong direkt nom viregte Pelerinage un, wann an engem Debriefing gekuckt gëtt, wat gutt a wat manner gutt gelaf ass. Um Enn vum Joer geet et dann esou richteg lass, wéi d’Hélène Neissen, Katechetin zu Wolz, erkläert.

“Da geet et normalerweis den Dezember lass mat eise portugisesche Frënn alleguerten, wou mer eis zesummen un en Dësch setzen, fir iwwert d’Thema vum nächste Pelerinage ze schwätzen. An dann hu mer Ufank Januar och schonn eng Versammlung mat den Autoritéiten, dat heescht mat CGDIS, mat der Police, der Gemeng a Ponts et chaussées, fir ze kucken, alles en place ze setzen. Wat musse mer gemaach hunn, wat feelt, fir datt mer dat richteg iwwert d’Bün kréien.”

D’Thema vun dësem Joer ass “Mat Maria, zesumme fir de Fridden”. Dem Wëlzer Deche Maurice Péporté no passt dat direkt duebel. Engersäits wéinst dem Ursprong vum Sanctuaire, deen op den Zweete Weltkrich zeréckgeet an anerersäits wéinst deene ville Kricher, déi et aktuell uechter d’Welt gëtt. Dëst Joer kann een iwwerdeems ee besonneschen Invité zu Wolz begréissen.

“Mir hunn de Kardinol José Tolentino Mendonça bei eis dëst Joer, op Invitatioun vun eisem Kardinol Hollerich. Hie wäert de Pelerinage presidéieren. Dat heescht moies wäert en do sinn, fir d’Beicht ze hale bei de Pilger. Dann ass virgesinn, datt e mëttes eng Katechese hält a selbstverständlech presidéiert en dann natierlech do uewen d’Mass.”

Et erwaart een, datt och dëst Joer nees bis zu 20.000 Gleeweger de Wee op Wolz fanne wäerten. Well d’Parke respektiv d’Campéieren nieft der N12 am Heischtergronn verbueden ass, ginn Alternativen ugebueden. Dat zum Beispill zesumme mat de Wëlzer Scouten um Camping bei der Tutschemillen, wou Plaz fir eng 300 Leit ass. Vun den Organisateuren ass et och d’Informatioun, datt den CFL-Arrêt Paradiso all hallef Stonn ugefuer gëtt.

Back to Top
CIM LOGO