Successioun nach net gewosstDP-Buergermeeschtesch vu Bartreng, d'Monique Smit-Thijs, huet demissionéiert

Roy Grotz
Onerwaart Demissioun zu Bartreng, wou et d'DP-Buergermeeschtesch Monique Smit-Thijs ass, déi de Grand-Duc iwwert hire Choix informéiert huet.

Wéi et heescht, soll si nach dëse Mount hir Chargen un der Spëtzt vun der Gemeng ofginn. Wien d’Successioun als Bartrenger Buergermeeschter iwwerhëlt, ass bis ewell net gewosst, d’DP-Schäffe sinn de Youri De Smet an de fréiere Buergermeeschter Frank Colabianchi.

Vun him hat d’Madamm Smit-Thijs eréischt 2022 d’Mandat vum Buergermeeschter iwwerholl. Firwat d’Fra un der Spëtzt vun der bloer Zentrumsgemeng ophält an ob si Conseillère bleift, gouf net matgedeelt.

Zu Bartreng huet d’DP 7 Mandater, d’Oppositioun mat CSV, Déi Gréng an LSAP kënnt op 6 Conseilleren. 2005 hat d’demissionaire liberal Buergermeeschtesch fir d’éischt zu Bartreng an de Gemengewalen kandidéiert.

2009 war si fir de Paul Geimer an de Conseil nogeréckelt. Nom Récktrëtt vum Frank Colabianchi viru genee 3 Joer ass si du Buergermeeschtesch ginn. 2023 war si kloer Éischtgewielt op der lokaler DP-Lëscht.

Back to Top
CIM LOGO