Video vum Inneminister Léon GlodenDP-Deputéiert Cahen an Arendt nenne Choix vun der Kommunikatioun "diskutabel"

RTL Lëtzebuerg
E Video, deen op de soziale Reseaue vum CSV-Inneminister publizéiert gouf, suergt fir politesch Reaktiounen, net nëmme bei der Oppositioun.

Ma och beim Regierungspartner. Am kuerze Film gëtt den Dagesoflaf vum Léon Gloden dokumentéiert, wou een dacks seng däitsch Minister-Limousine gesäit. Dorunner reiwe sech d’Deputéiert Corinne Cahen a Guy Arendt, déi vun engem “diskutabele” Choix vun der Kommunikatioun vum Inneminister schwätzen, well hei ëffentlech Suen an d’Produktioun vun deem Clip gefloss wieren, deen absolut kee politesche Message hätt.

Duerfir froen d’liberal Deputéiert de Premier Frieden an enger parlamentarescher Fro, ob d’Ministeren net iwwer politesch Theme kommunizéiere missten, amplaz sech selwer en scène ze setzen.

Gefrot gëtt och, wat de Message vum Inneminister-Clip soll sinn an ob sou e Spot net als Publicitéit ze gesinn ass, déi vun enger politescher Partei misst bezuelt ginn. Et däerf ee gespaant op d’Äntwerte vum Premier an dem CSV-President Frieden sinn.

Parlamentaresch Fro vun den DP-Deputéierte Corinne Cahen a Guy Arendt

Back to Top
CIM LOGO