Nodeems zwee Pirate-Conseillere vu Bord gaange sinnD'Parteispëtzt weist kee Versteesdemech fir déi Decisioun

Marc Hoscheid
Et wier méi einfach, d'Knëppele bei d'Tromm ze geheien, wéi sech um Neiopbau vun der Partei ze bedeelegen.
© RTL-Archiv

Zanter Woche rumouert et bei de Piraten. Nodeems de Ben Polidori annoncéiert hat, der Partei de Réck ze dréinen, ass tëscht deenen aneren zwee Deputéierte Sven Clement a Marc Goergen ee Rousekrich ausgebrach. Wärend de Marc Goergen dem Sven Clement virgehäit, d’Partei beim Ausschaffe vun der Sproochenapp MALT benotzt ze hunn, fir sech finanziell ze beräicheren, schwätzt de Sven Clement vu systemateschem Mobbing duerch de Marc Goergen. Als Konsequenz ginn elo déi éischt Gemengeconseilleren vu Bord.

Déi nächst Mandataire dréinen der Piratepartei de Réck (Reportage Marc Hoscheid)

An zwar méi genee de Steven Curfs vu Monnerech an de Vincenzo Turcarelli vu Käerjeng. Dat hunn déi zwee de Weekend a Communiquéen, déi un Deeler vun der Presse goungen, matgedeelt. An de Schreiwessen heescht et, datt een net domadder d’Accord wier, wéi d’Partei aktuell geleet gëtt. De Co-Parteispriecher Starsky Flor schwätzt vun enger Iwwerraschung an enger Zäit, déi souwisou scho schwéier wier. Hie weist sech virun allem enttäuscht iwwert d’Aart a Weis vun der Kommunikatioun.

“Natierlech ass dee Communiqué net glécklech, well et ass einfach gesot, datt een net zefridden ass mat der Parteileedung. Natierlech hätt ech et léiwer gehat, si hätte mech am Virfeld kontaktéiert, fir ze soen, datt se net zefridde wieren.”

De Starsky Flor verweist dann och op ee Communiqué, deen hien den 8. August un d’Membere vun de Piraten verschéckt hat an an deem hien Ännerungen un de Statutten an der Funktiounsweis vun der Partei annoncéiert.

“Mir hunn ze laang op eng Persoun opgebaut, lo musse mer dat einfach op méi Käpp maachen an eben eis d’Outile ginn, fir déi Feeler, déi mer an der Vergaangenheet gemaach hunn, net méi ze maachen. A wéi gesot alles a voller Transparenz opschaffen, méi Dialog, besseren Zesummenhalt a wéi gesot, Changementer wäerte kommen an ech hoffen, datt d’Leit d’Changementer mat eis zesumme wëllen ugoen. Zemools an deene schwieregen Zäiten, do muss ee sech da lo beweisen.”

Wat d’Mandater an deenen zwee Gemengeréit ugeet, sou géing een déi als Partei natierlech zeréckfuerderen, fir datt deen Nächstgewielten op der Piratelëscht noréckele kann. Ma et wier awer eben d’Recht vun de Concernéierten, als Onofhängegen am Conseil sëtzen ze bleiwen. Mir hunn och de Steven Curfs an de Vincenzo Turcarelli kontaktéiert, mee wärend mer de Monnerecher Lokalpolitiker net erreecht hunn, ass säi Confrère vu Käerjeng no enger Zouso fir een Interview op Tauchstatioun gaangen.

Back to Top
CIM LOGO