Héichwaasserrisk opgehuewenD'Peegele vun de Flëss an de Baache gi weider zeréck

RTL Lëtzebuerg
No den Iwwerschwemmungen en Donneschdeg sinn d’Peegele vun de Baachen an de Flëss am Land weiderhin amgaangen zeréckzegoen.
© AFP

D’Waasserwirtschaftsamt huet e Freideg de Mëtteg géint 14 Auer den Héichwaasserrisk opgehuewen.

D’Peegele vun all de Flëss a Baache fale weider a sinn antëscht ënnert der Cote de préalerte. Déi zoustänneg Administratioun geet och net dovun aus, dass se deemnächst nach eng Kéier klammen.

Och d’Sauer zu Bollendorf geet zanter en Donneschdegowend zeréck. De Pic gouf am fréien Donneschdegowend géint 17.30 Auer mat knapp 4 Meter erreecht - véier Mol méi, wéi normal.

Op véier verschiddene Plazen am Land gouf en Donneschdeg iwwregens d’Cote d’alerte iwwerschratt. Wéi dat genee definéiert ass, fënnt een hei am Artikel.

LINK: Déi aktuell Peegelstänn fannt Dir op inondations.lu

Back to Top
CIM LOGO