Erklärunge fir a Reaktiounen op Wiessel vu Ben Polidori"D'Piraten hu sech an der Ëffentlechkeet zerfleescht", sou d'Francine Closener

Claudia Kollwelter
Nodeems de Ben Polidori am Juli aus der Piratepartei ausgetruede war, koum en Donneschdeg d'Annonce, datt hie bei d'LSAP gewiesselt ass.
Symbolbild Chamber
Symbolbild Chamber
© RTL Archiv

“D’Piraten hu sech an der Ëffentlechkeet zerfleescht a mer wësse Mol net, ob et se nach laang gëtt. Do ass et evident, datt de Ben Polidori sech mat senge Wäerter net méi zréckfonnt huet”, seet d’Parteipresidentin vun der LSAP, d’Francine Closener, nodeems en Donneschdeg de Moien annoncéiert gouf, datt de fréiere Piraten-Deputéierte Member vun de Sozialiste gëtt.

Reaktiounen op de Wiessel vum Ben Polidori / Reportage Claudia Kollwelter

D’Rumeur hätt jo schonn de ganze Summer iwwer zirkuléiert, dofir wier et net wierklech eng Iwwerraschung, seet de Sven Clement iwwert de Wiessel vu sengem fréiere Partei-Kolleeg. De Choix vun der LSAP kéint hien deelweis novollzéien, deelweis awer och net:

“Et ass jo och kee Geheimnis, datt ech an der Vergaangenheet meng politesch Karriär bei der LSAP ugefaangen hat an et Grënn ginn, firwat ech net méi an der LSAP sinn. Op där anerer Säit mengen ech, hätt och dogéint geschwat, datt ee mat engem Mandat jo awer och op enger Wielerlëscht gewielt gëtt.”

De Sven Clement iwwert de politesche Wiessel vum Ben Polidori
Et wier e Choix, deen ee misst respektéieren. Wichteg wier, dass d’Pirate weider am Interessi vun de Leit schaffen.

Et goufen awer och Gespréicher mat anere Parteien, huet de Ben Polidori bei eis op der Antenn zouginn. D’Fro un de Fraktiounspresident vun der DP, de Gilles Baum, ob een enttäuscht ass iwwert de Choix:

“Ech mengen ech hat de Ben och ganz gutt bei eis gesinn. Et gouf eng Rei Gespréicher, bei deenen ech zwar net derbäi war, mee bon en huet jo iwwert d’grouss Vakanz seng Gedanke gemaach an huet dann natierlech - och dat mengen ech - erausgesicht, wat fir en am beschte passt. Enttäuscht, jo, et wär e Jong gewiescht, deen och eis Reien hätt kënne verstäerken. Dat ass scho richteg.”

Och mat der CSV goufen et Gespréicher, huet de Fraktiounspresident Marc Spautz zouginn:

“Ech hunn em weider näischt offréiert, mee déi Theemen, déi en an de Mëttelpunkt stellt, och d’Soziales - dee meng Bio kennt, dee weess, dass dat och fir mech eng Haaptprioritéit wier - dofir wier ech frou gewiescht, wann e komm wier, an och Educatioun, och do hätte mir em eppes kënne bidden, mee hien huet dee Choix geholl, deen e geholl huet, an dat soll ee respektéieren.”

De Marc Spautz hat domat gerechent, dass de Ben Polidori bei d'LSAP geet
Wann een de Ben Polidori méi laang kennt, wier dee Wiessel wéineg iwwerraschend, sou den CSV-Fraktiounspresident.

D’Francine Closener huet betount, datt de Ben Polidori zum Grondsazprogramm an de Wäerter vun der LSAP huet misse stoen an d’Sektioun en huet missen unhuelen. Mee et hätt een och misse kucken, ob seng Äusserungen a politesch Meenungen allgemeng bei d’LSAP passen:

“An hien huet ee ganz soziale Profil, a mécht d’Politik fir ze hëllefen, fir eng méi gerecht Welt ze kréien. Eben, an dat gesäit een och a senge politesche Prioritéiten, et gesäit een an den Themen, ob deenen hie wëll den Accent leeën, sief dat Pensiounen, Famillen, Educatioun oder Digitaliséierung, an all déi Positiounen, déi hie vertrueden huet, och an deene leschte Méint, waren ni contraire zu enger Philosophie oder zu den Usiichte vun der LSAP.”

Et wier een net rosen driwwer, datt een elo 12 amplaz vun 11 Deputéierten an der Chamber hätt, huet d’LSAP Parteipresidentin zouginn, mee et wier haaptsächlech wichteg, datt hie sech mat der Partei kéint identifizéieren. Hien hätt näischt versprach krut:

“Dat kucke mir elo alles an der Fraktioun. Dat si jo elo Decisiounen, déi an der Fraktioun ze huele sinn respektiv aus enger Sektioun respektiv am Nordbezierk. Mä dat ass elo déi nächst Etapp, déi elo kënnt.”

D’Co-Presidentin vun der LSAP-Norden Tina Koch huet nach präziséiert, datt ee sech nei opstelle wäert an deemnächst intern gekuckt gëtt, wien an Zukunft wéi ee Rôle wäert iwwerhuelen.

Back to Top
CIM LOGO