Alkohol um SteierD'Police hat Problemer, ee Chauffer zu Platen ze erwächen

RTL Lëtzebuerg
Um Dënschdeg den Owend gouf an der Rue de Bettborn zu Platen ee Chauffer gemellt, deen d'Strooss blockéiert huet an hanner dem Steier souz ze schlofen.

D’Police konnt de Mann net erwächen. De CGDIS gouf geruff, fir d’Fënster vum Auto opzemaachen. De Mann konnt dunn endlech erwächt ginn. Den Alkoholtest ass positiv verlaf an ee provisorescht Fuerverbuet gouf ausgestallt.

Am Kader vun enger Kontroll an der Nuecht op e Mëttwoch an der Route de Luxembourg zu Iechternach hunn d’Beamten bei engem Mann, dee seng Pabeieren iwwerpréift krut, ee staarken Alkoholgeroch festgestallt. Den Test war positiv, ee provisorescht Fuerverbuet gouf ausgestallt.

Back to Top
CIM LOGO