
A sämtleche Fäll hu sech Leit de Batti gestallt, hunn “déi ëffentlech Uerdnung gestéiert” a waren duerch hiren Zoustand eng Gefor fir sech an anerer, sou d’Police.
Zum Beispill gouf en Dënschdeg den Owend spéit eng Kläpperei op der Ettelbrécker Gare gemellt. Eng Patrull konnt déi alkoholiséiert Persoune vuneneen huelen, woubäi ee vun hinnen huet misse fir eng Kontroll an d’Spidol. Deen anere Mann hat sech dono wuel nach net berouegt, hie gouf der Police kuerz drop nees gemellt. Nees op der Gare. Och géintiwwer de Beamten huet hien net kooperéiert a koum no enger Kontroll beim Dokter an d’Ausniichterungszell.
An der Nuecht gouf dann nach en alkoholiséierte Mann gemellt, deen an engem Hotel zu Léiweng géing ofrappen. Eng Patrull huet de Mann nach op der Plaz ugetraff, deen eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet. Och hie koum an Arrest.