
Zwanzeg Autoen an dräi Motorrieder goufen ënnert d’Lupp geholl. Fënnefmol war den Auspuff net an der Rei, zwee Gefierer waren ze staark déif geluecht. Bei sechs Autoe gouf et e Problem mat der Beliichtung, well zum Beispill d’Glas vun de Luuchte schwaarz war. Ënner anerem dës Constaten hunn d’Beamte gemaach, déi zu ronn enger Dosen am Asaz waren. Dräi Gefierer hu missten ofgeschleeft ginn. Een Auto gouf direkt aus dem Verkéier gezunn.