
Dëst war um Trottoir geparkt an hat déi véier Winkeren un. Wéi d’Beamten d’Gefier doropshi kontrolléiert hunn, huet sech erausgestallt, dass weder d’Steieren nach de Contrôle technique an der Rei waren. Ausserdeem war den Alkoholtest, dee beim Chauffer gemaach gouf, positiv. Et gouf e Rapport vun der Situatioun geschriwwen.
An der Nuecht op e Mëttwoch ass enger Patrull vun der Police da bei der Kontroll vun engem Gefier an der Rue des Glacis an der Stad e staarke Geroch no Alkohol opgefall, den Alkoholtest war deementspriechend positiv. Och hei war de Contrôle technique vum Gefier ofgelaf. De Chauffer krut e provisorescht Fuerverbuet.
Zwee weider alkoholiséiert Chauffere waren da wéinst hirem Fuerstil opgefall. Tëscht Gréiwels a Kietscht war e Gefier am Zickzack ënnerwee an op der Rouder Bréck an der Stad war e Chauffer mat 86 amplaz vun de maximal erlaabte 50 Stonnekilometer ënnerwee. A béide Fäll gouf e Rapport geschriwwen.