Ze séier ënnerwee, virun der Police geflücht oder soss opgefallD'Police huet eng Partie Fürerschäiner wéinst Alkohol um Steier agezunn

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Sonndeg hate sech eng ganz Partie Chaufferen trotz ze héijem Alkoholkonsum hannert d'Steier gesat.
© RTL

Een dovunner ass kuerz no Hallefnuecht mat héijer Vitess duerch Nidderkuer gefuer an huet doduerch d’Opmierksamkeet vun enger Policepatrull op sech gezunn. D’Beamten hunn de Mann kontrolléiert, a well den Alkoholtest positiv war, gouf de Fürerschäin agezunn.

Kuerz drop krut d’Police dann e Chauffer gemellt, dee méiglecherweis alkoholiséiert duerch Nidderkuer géif fueren. Wéi d’Beamten de Mann lokaliséiert haten, war dee grad amgaangen, säin Auto ze parken. Et huet sech erausgestallt, dass hien effektiv ze vill gedronk hat an och säi Fürerschäi gouf agezunn.

Géint 1.00 ass enger Patrull dann zu Schëffleng e Chauffer wéinst sengem Fuerstil opgefall. Och hei war Alkohol am Spill an de Permis gouf agezunn.

Eng hallef Stonn drop, huet d’Police dann nees missen zu Nidderkuer am Trafic intervenéieren. Hei gouf e Gefier gemellt, dat ëmmer nees op d’Géigespuer gefuer ass. En Alkoholtest, dee beim Chauffer gemaach gouf, war positiv a säi Fürerschäi gouf op der Plaz agezunn.

Géint 2.30 ass dann en Auto mat héijer Vitess duerch de Garer Quartier an der Stad gefuer. Eng Patrull vun der Police ass dem Won mat bloer Luucht a Sireen hannendru gefuer, ma de Chauffer ass net stoe bliwwen. D’Beamte konnten d’Gefier schliisslech am Rond-point Gluck stoppen. Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, dass de Chauffer kee Fürerschäi bei sech hat, an dass de Contrôle technique vum Auto ofgelaf war. Well de Mann ausserdeem däitlech Unzeeche vun Alkoholkonsum gewisen huet, wollten d’Beamten en Otemtest maachen. De Mann huet sech allerdéngs geweigert, sou dass d’Beamten him verbueden hunn, weiderzefueren.

E weidere Permis gouf dann um 3 Auer um Sennengerbierg agezunn. Hei war enger Patrull e Chauffer opgefall, dee säi Gefier ënner Alkoholafloss am Zickzack gesteiert huet.

Um 4 Auer huet eng Patrull dann e Mann gesinn, deen um Glacis an der Stad hannert dem Steier vu sengem Auto geschlof huet. Dat bei lafendem Motor a mam Fouss um Gas. Et gouf en Alkoholtest gemaach an nom positive Resultat gouf de Permis agezunn.

Zur nämmlechter Zäit ass enger Patrull vun der Police dann e Gefier opgefall, dat mat lafendem Motor op enger Tankstell zu Rodange geparkt war. Ausserdeem war de Radio vum Gefier nach un an et ass haart Musek aus dësem komm. D’Beamte konnten déi dräi Persounen, déi mam Gefier ënnerwee waren, bannen an der Tankstell lokaliséieren. Si goufe kontrolléiert an et huet sech erausgestallt, dass allen dräi schonn e Fuerverbuet haten. Ausserdeem ware si allen dräi alkoholiséiert. Well kee vun hinnen zouginn huet, de Chauffer vum Gefier ze sinn, hunn d’Beamten de Parquet informéiert. No enger kuerzer Récksprooch gouf decidéiert, géint déi dräi Männer eng Prozedur wéinst Fueren ënner Alkoholafloss an d’Weeër ze leeden. Ausserdeem gouf d’Gefier saiséiert. Déi dräi Männer hu sech och geweigert, en Alkoholtest ze maachen.

Schliisslech huet d’Police tëscht 23.15 Auer e Samschdeg an 3.30 Auer e Sonndeg op Uerder vum Parquet Alkoholkontrolle gemaach. Dat zu Nidderfeelen an zu Gilsdref. Am Ganze goufen 398 Chauffere kontrolléiert.Zwee Mol war den Test positiv an de Permis gouf op der Plaz agezunn.

Back to Top
CIM LOGO