Haaptsächlech am Süde vum LandD'Police huet eng Rei alkoholiséiert Chauffere gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
Der Police sinn e Freideg den Owend, an an der Nuecht e puer Automobilisten negativ opgefall. An engem Fall koum et zu engem Accident.

Géint 18.40 Auer ass enger Patrull zu Bartreng eng Persoun op enger Tankstell gemellt ginn, déi ze déif an d’Glas gekuckt hat a fortfuere wollt. Op der Plaz wollten d’Beamten de Chauffer kontrolléieren, dee sech fir d’éischt géint en Alkoholtest wiere wollt, dunn awer averstane war. Den Test war dann och positiv. Hie krut de Permis ofgeholl an e provisoresche Fuerverbuet.

Méi spéit an der Nuecht krut d’Police e Chauffer gemellt, deen zu Diddeleng a sengem Won géing schlofen. D’Beamten hunn den Auto ausgemaach, bei deem de Motor nach gelaf ass an och d’véier Winkeren u waren. Si kruten hien och nëmme schwéier wakereg. En Test war positiv an de Permis fort. Well et net déi éischte Kéier war, dass de Chauffer wéinst Alkohol um Steier e Protokoll krut, gouf säi Won op Uerder vum Parquet séchergestallt an et gouf e Protokoll.

Zu Schëffleng dann huet eng Patrull kuerz viru 5 Auer missen engem Auto aus de Féiss kommen, deen hinnen op der falscher Säit entgéint koum. Effektiv war d’Automobilistin am Zickzack ënnerwee, gouf gestoppt a kontrolléiert. Och hei war en Test positiv an d’Fra krut e Protokoll.

En Accident wéinst Alkohol um Steier gouf et nach um 6.30 Auer zu Dippech. E Chauffer hat op der N5 d’Kontroll iwwer säi Won verluer, krut do e Kräiz aus Steen, e puer Schëlder an e Bam ze paken. Am Gruef koum den Auto dunn un d’Halen. En zweeten Automobilist ass an e Pneu gerannt, deen den anere Won verluer hat an op der Strooss louch. Dësen ass nach emol op déi aner Fuerbunn geschleidert ginn, wou nach en drëtte Won en ze pake krut. Déi dräi Gefierer waren dono Schrott a goufen ofgeschleeft. De schëllege Chauffer koum no enger éischter Versuergung an d’Spidol, wou et en Alkoholtest an e Protokoll gouf.

Ordonéiert Alkoholkontroll

D’Police huet e Samschdeg den Owend och nach Alkoholkontrolle duerchgefouert, déi vum Parquet ordonéiert goufen. Zu Fenteng an an der Stad hunn 193 Automobiliste misse blosen. An 11 Fäll war den Test positiv an 3 Chauffeuren hunn hire Permis nach op der Plaz ofgeholl kritt.

Back to Top
CIM LOGO