Alkohol, Vitess a FahrerfluchtD'Police huet nees eng Rei Permisen ofgeholl

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Samschdeg waren eng Rei alkoholiséiert Chaufferen ënnerwee.
© RTL-Archivbild

Am Kader vun enger Policekontroll op der N10 tëscht Meechtem an Ohn kuerz virun 18 Auer e Freideg den Owend gouf e Chauffer mat 138 km/h geblëtzt. Déi maximal Vitess läit op där Plaz bei 90 km/h. De Chauffer gouf vun der Police gestoppt an een Alkoholtest gemaach. Dëse war positiv. De Mann, deen och keng valabel Pabeiere fir säi Gefier bei sech hat, huet säi Führerschäi missen ofginn.

Da war der Police e Freideg den Owend op der A4 a Richtung Esch ee Gefier opgefall, datt am Zickzack ënnerwee war. Wéi d’Polizisten de Chauffer opgefuerdert hunn, fir stoen ze bleiwen, huet dësen Zeechen ignoréiert an ass einfach weider gefuer. Hie gouf schlussendlech vun der Police ofgebremst. Och hei war Alkohol am Spill, den Test positiv an de Permis agezunn.

E weidere Chauffer gouf e Samschdeg de Moie géint 3 Auer ugehalen, nodeem hien op Héicht vum Rond-point An der Schmelz um Belval an déi entgéintgesate Richtung gefuer war. Och hei war den Alkoholtest positiv an de Führerschäin ass fort.

E Samschdeg de Moie géint 5.40 Auer war e Chauffer an der Rue de la Tour Jacob an der Stad Schlaangelinnen an deels op der Géigespuer ënnerwee. Wéi d’Beamten d’Persoun hannert dem Steierrad stoppe wollten, huet dës an der Strooss d’Kéier gemaach an ass geflücht. Op der Place Emile Mousel war dunn awer Schluss an de Mann gouf gestoppt. Och hei war den Alkoholtest positiv an de Führerschäi fort.

An da gouf e puer Minutte méi spéit nach en alkoholiséierte Chauffer an der Rives de Clausen an der Stad erwëscht. Dësen huet sech wärend dem Asaz wéineg kooperativ gewisen an huet d’Beamte beleidegt. Och an dësem Fall ass de Chauffer de Permis lass.

Back to Top
CIM LOGO