Miersch a StadD'Police krut nees eng Rei Abréch gemellt

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police matdeelt, gouf e Méindeg an en Appartementshaus zu Miersch agebrach.
© RTL Archivbild

Onbekannter hu sämtlech Raim duerchwullt a Bijoue souwéi Boergeld matgoe gelooss.

E weideren Abroch gouf et an en Eefamilljenhaus um Boulevard Kaltreis zu Bouneweg gemellt. Och hei hunn den oder d’Täter Boergeld geklaut.

A béide Fäll gouf d’Spueresécherung op d’Plaz geschéckt an Ermëttlunge lancéiert.

Back to Top
CIM LOGO