An der Stad an zu DéifferdengD'Police mellt eng Partie Abréch bannent de leschte Stonnen

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg am spéiden Nomëtteg gouf an en Haus an der Montée Pilate zu Eech agebrach.

Eng Partie Raim goufen duerchwullt. Ob eppes geklaut gouf, präziséiert d’Police net.

An er Nuecht op en Dënschdeg gouf et en Abroch an e Lokal an der Avenue d’Oberkorn zu Déifferdeng. Hei gouf Boergeld geklaut.

A béide Fäll gouf d’Spueresécherung op Plaz geschéckt an eng Enquête gouf an d’Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO