Ënner anerem um LampertsbiergD'Police mellt eng Partie Abréch uechter d'Land

RTL Lëtzebuerg
Am Laf vum Sonndegowend gouf op e puer Plazen am Land agebrach.

Wéi d’Police matdeelt, hat en Abriecher sech an der Rue de l’Avenir um Lampertsbierg Zougang zu engem Appartement verschaaft. Hie wier allerdéngs vun engem Visiteur iwwerrascht ginn a geflücht. Ongeféier zur nämmlechter Zäit gouf dann en Abroch an en Appartement zu Luerenzweiler gemellt. Hei haten d’Brigangen déi ganz Wunneng duerchwullt.

A béide Fäll war d’Spueresécherung op der Plaz an et gouf eng Enquête an d’Weeër geleet. D’Police gëtt dann och eng Partie Tuyauen, wéi Dir Iech virun Abréch kënnt schützen.

Iwwerdeems gouf an der Rue Antoine Godart zu Bouneweg an en Auto agebrach. Eng Patrull vun der Police ass op d’Plaz gefuer a konnt de presuméierten Täter festhuelen. Bei him goufen eng Partie geklaute Géigestänn fonnt. Op Uerder vum Parquet gouf e Rapport geschriwwen.

Back to Top
CIM LOGO