
Passéiert ass dat Ganzt op der Héicht vun der Kräizung tëscht dem Boulevard Grande-Duchesse Charlotte an der Avenue Monterey. De Chauffer vum Moto ass nom Accident weidergefuer.
D’Police sicht elo nom Motocyclist respektiv no aneren Zeie vum Accident. Wien eppes gesinn huet, ass gebieden, sech beim Policekommissariat vu Capellen/Stengefort ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 30 1000 oder via Mail.