
Wéi d’Police matdeelt, ginn d’Faiten op den 13. November zejoert zeréck. D’Fra op der Foto gëtt verdächtegt, op dësem Dag op Bankomaten am Garer Quartier an an der Uewerstad mat enger geklauter Kreditkaart Suen opgehuewen ze hunn.
Wien Informatiounen iwwer d’Fra huet, ass gebieden, sech beim Policekommissariat vun Hesper ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 46 1000 oder via Mail.