Esch-UelzechtD'Police sicht no Zeien, nodeems e Foussgänger ugestouss gouf

RTL Lëtzebuerg
D'Police sicht no engem Accident e Mëttwoch zu Esch-Uelzecht no Zeien.
© RTL Grafik

Géint 21.15 Auer hat en Auto, deen aus Richtung Bieles koum, kuerz virum Raemericher Rond-point an der Route d’Esch op engem Zebrasträifen e Foussgänger ze pake kritt. Dësen huet missen hospitaliséiert ginn,

Wien Informatiounen iwwert den Accident huet, ass gebieden, sech beim Policekommissariat Esch-Zentrum ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 50 1000 oder via Mail.

Back to Top
CIM LOGO