Fir Sécherheet garantéierenD'Police wäert och op der Fouer erëm present sinn

RTL Lëtzebuerg
Mat der Ouverture vun der Schueberfouer 2024 geet och erëm eng spannend Zäit fir d'Poliziste lass. Si hu wéi all Joers erëm e Büro um Glacis.
© RTL Archiv vun 2023

De provisoresche Policebüro um Glacis ass wéi gewinnt direkt nieft der Haaptentrée vun der Fouer ze fannen. De Büro ass all Dag vu 14 Auer bis 1 Auer moies op. Et wäerten awer och reegelméisseg Patrullen um Glacis ënnerwee sinn.

Fir Famillen, Crèchen oder aner Servicer, déi mat Kanner en Ausfluch op d’Schueberfouer plangen, gëtt dëst Joer och rëm de Service “enfants perdus” proposéiert.

Hei kënnen Elteren oder aner Responsabeler am Virfeld e Formulaire op MyGuichet.lu ausfëllen an um Dag vun der Visitt beim Kommissariat passéieren. D’Kanner kréien dann e Sticker mat enger individueller Nummer an der Telefonsnummer vum Kommissariat. Dëst erméiglecht et de Beamten, déi op der Fouer ënnerwee sinn an e Kand ouni Begleedung fannen, direkt ze reagéieren. D’Leit, déi d’Kand fannen, hunn esou ausserdeem eng direkt Nummer, fir d’Police ze kontaktéieren. Mat dësem System hat een déi lescht Jore gutt Erfarunge gemaach, wéi d’Police schreift.

Allgemeng rifft d’Police dozou op, mam ëffentlechen Transport op d’Fouer ze kommen, fir blockéiert Stroossen a Falschparker ze verhënneren. Dës weidere soll een op Täschendéif oppassen an der Police all suspekte Géigestand, respektiv suspekt Persoun, mellen.

Och de CGDIS ass op d’Fouerzäit preparéiert.

Back to Top
CIM LOGO