Zu Miersch, Éinen a GréiwemaacherD'Police war wéinst enger Partie Abréch am Asaz

RTL Lëtzebuerg
Géint 11 Auer e Samschdegmoie krut d'Police en Abroch an en eidelt Haus an der Rue Adolphe Bouvart zu Miersch gemellt.

De Proprietär hat e Mann am Haus gesinn an doropshin d’Police alarméiert. Eng Patrull vun der Police ass op d’Plaz gefuer an huet de Mann fir déi weider Demarchë mat op de Policebüro geholl. Et gouf e Rapport iwwert den Tëschefall geschriwwen.

Géint 20.30 Auer waren dann zwee Männer zu Gréiwemaacher iwwert den Zonk vum Kierfecht geklommen an hunn duerno probéiert, eng Dier opzebriechen. Eng Patrull vun der Police konnt kuerz drop zwee Männer identifizéieren, op déi d’Beschreiwung vun de presuméierten Täter gepasst huet. Op uerder vum Parquet goufen hir Donnéeën opgeholl an et gouf eng Enquête an d’Weeër geleet.

Géint 23.35 gouf der Police dann en Abroch an en Haus an der Route du Vin zu Éinen gemellt. D’Abriecher waren duerch d’Garage an d’Haus agedrongen an hunn eng Partie Géigestänn geklaut. D’Spueresécherung war op der Plaz an et gouf eng Enquête lancéiert.

Back to Top
CIM LOGO