Kautioun no Accident hannerleeënD'Police warnt viru sougenannte Schockuriff

RTL Lëtzebuerg
An engem Schreiwes mécht d'Police op en Neits drop opmierksam, dass nees sëllege Leit Affer vu Schockuriff gi sinn.
© Envato

Et handelt sech natierlech ëm en Trick, fir u Suen ze kommen. Déi Onéierlech ruffen engem un a behaapten, e Familljemember wier an ee schroen Accident verwéckelt gewiescht. Eng Kautioun misst hannerluet ginn, well dësen nëmme sou nees op fräie Fouss kéim.

Dat presuméiert Affer gëtt, wéi d’Police präziséiert, därmoossen ënner Drock gesat, dass dëst sech um Enn bereet erkläert, Wäertgéigestänn wéi Bijouen oder Boergeld erauszeginn. D’Brigangen hunn dacks eng falsch Identitéit, entweder als Polizist, Mataarbechter vum Parquet oder noe Familljemember. Donieft gi mat Hëllef vun enger spezieller Technik falsch Telefonsnummeren um Display vun den Affer ugewisen.

Déi presuméiert Mataarbechter vum Geriicht oder der Police passéiere bei den Affer oder op enger arrangéierter Plaz, fir d’Wäertgéigestänn oder d’Suen entgéint ze huelen. Hei rappeléiert d’Police nach emol, dass esou eng Virgoensweis, eng Kautioun ze hannerleeën, net zu Lëtzebuerg üblech ass. Donieft freet d’Police oder aner Mataarbechter vun Institutiounen net, Suen ausgehännegt ze kréien.

D’Police mécht och den Appell un d’Bevëlkerung, besonnesch eeler Mënschen iwwer dës Bedruchsmasch opzeklären.

Back to Top
CIM LOGO