Ofhängeg vum Wieder kéinten déi vill Leit, déi fir deen Dag an der Haaptstad erwaart ginn, och vun de sëllegen Terrasse profitéieren, fir e Maufel ze iessen oder e Patt ze huelen.
Well deen Dag och mat vill Trafic an der Stad gerechent gëtt, wär et och wichteg, d’Clienten an den eenzelen Hoteller iwwer d’Poopstvisitt ze informéieren. Leit, déi deen Dag an- oder auschecke wëllen, missten sech op dës Situatioun astellen. Dowéinst ginn d’Hotelsclienten per Mail op dës Situatioun higewisen.
Bis ewell géif een awer an der Hotelsbranche net feststellen, dass sech wéinst der Poopstvisitt méi Leit géifen an Hoteller fir deen Dag umellen.