Nicky Konz a Jean SchroederD’Post erënnert un zwee Männer, déi virun 82 Joer fir d'Fräiheet gestuerwe sinn

RTL Lëtzebuerg
D'Postbeamten Nicky Konz a Jean Schroeder hunn zu deenen 21 Persoune gehéiert, déi d'Nazien wéinst dem Generalstreik vun 1942 higeriicht hunn.
© Domingos Oliveira / RTL

Dee Streik, deen den 31. August Moies fréi zu Wolz ugefaangen hat, nodeems de Gauleiter Simon d’Wehrpflicht fir eng 14.000 Jonker wollt aféieren, huet sech duerno am ganze Land an a ville Secteuren ausgebreet. An der Stad Lëtzebuerg waren déi zwee Postbeamten déi éischt, déi virun 82 Joer festgeholl goufen. Op der Cloche d’or gouf en Dënschdeg u si erënnert.

D’Post erënnert un zwee Männer, déi virun 82 Joer fir d’Fräiheet gestuerwe sinn

Déi zwee Männer, déi den 3. a 4. September virun 82 Joer hu misse stierwen, well se zu deene gehéiert hunn, déi sech géint den Nazi-Okkupant gewiert hunn, sinn als Helden an d’Geschicht agaangen, déi hiert Liewe fir Fräiheet, Toleranz a Respekt geaffert hunn. Et gouf keen Zweiwel dorunner gelooss, datt de Kampf vun deemools net dierft vergiess ginn. Dem éischte Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg Maurice Bauer no wier dat grad an den aktuellen Zäite besonnesch wichteg:

“Ech hunn elo rezent eng Kéier um Internet e Slogan gesinn, deen ech immens flott fonnt hunn. Et ass 5 virun 1933 a genee dat ass et, wou mer haut stinn. Mat enger Banalisatioun vun deenen Evolutiounen an dowéinst sinn Amenter ewéi dës, wou mer un zwee Helden kënnen denken, eis verdammte Flicht. Déi Generatiounen duerno mussen déi Erënnerung héich halen.”

Och de Wirtschaftsminister Lex Delles huet virun der Commemoratiounsplak am Postgebai op der Cloche d’or ënnerstrach, wéi wichteg et ass, datt Erënnerunge weiderliewen:

“Ech si selwer Schoulmeeschter. Ech weess, datt déi Generatiounen no eis net méi eng Bomi an e Bopi hunn, déi hinnen erzielen wéi hir Jugend war a grad dowéinst sinn déi Deeg esou wichteg. Et muss een se héich halen, well eis Natioun baut dorop. Eist Land baut dorop.”

Datt een net dierft vergiessen, datt Fräiheet a Wuelstand keng Selbstverständlechkeet sinn, huet och de Cliff Konsbruck, den Directeur adjoint vun der Post onmëssverständlech kloer gestallt:

“Wa mer kucken, wat an der Lescht an Italien geschitt ass, wat op en Hoer a Frankräich geschitt ass, wat net méi spéit wéi de leschte Weekend an Thüringen an a Sachsen geschitt ass, da gëtt et eis bewosst, datt dat alles anescht ass, ewéi eng Evidenz, an datt mer net dierfen ophalen, fir Fräiheet an Oppenheet ze kämpfen an eis Gesellschaft z’informéieren.”

Doriwwer informéieren, datt politeschen Extremismus a reliéise Fanatismus just zu Leed a Misär géife féieren.

D'Schreiwes vun der Post (03.09.2024)

Back to Top
CIM LOGO