Ronn 3.500 Barrièren, 400 Parkverbuet-Schëlder an eng Ekipp vu ronn 95 Leit um Wierk... Dat sinn e puer Zuelen, déi de Laurent Vanetti, Chef vum Service de Circulation vun der Stad Lëtzebuerg genannt huet.
Een Dispositiv, deen een net als alldeeglech, mee bei wäitem och net als aussergewéinlech ka bezeechnen, erkläert de Chef vun dësem Service. “Vum Material hier an der Manpower huet dës Staatsvisitt eng Envergure wéi beispillsweis den ING-Marathon. Et ass just méi op de Stadkär vun der Stad begrenzt.”
Fir de Christian Fischer, Realisateur vun der Live-Sendung en Donneschdeg, sinn d Ausmoossen änlech wéi beim Trounwiessel. “Fir d’ Prënzen-Hochzäit oder d Begriefnes vum Grand-Duc Jean koume manner Kameraen an den Asaz”.
Am Ganze méi wéi 50 Kameraen an 120 Techniker schaffen eleng un der Produktioun vun der Live-Sendung en Donneschdeg.
Eng RTL-Ekipp huet een Deel vun de technesche Preparatiounen an der Stad begleet, esou wéi dem Service Circulatioun iwwert d ‘Schëller gekuckt.