Ofschlossexamen am LycéeD'Proffen an den Examenskommissioune kréie verschidden zousätzlech Indemnitéiten

RTL Lëtzebuerg
Kuerz virum Enn vum Schouljoer sinn d'Ofschlossexamen ënner anerem an de Premièresklassen hei am Land.
Den Ofschlossexamen 2023 am Atert Lycée
Den Ofschlossexamen 2023 am Atert Lycée
© Pedro Venâncio / RTL (Archiv)

Dës Exame ginn awer net just vun engem Proff ofgehalen oder verbessert, mä hei si méi Leit mat agebonnen. Dëst féiert dozou, datt d’Proffen, déi eng Ofschlossklass betreien, an där Zäit méi Korrekturen ze maachen oder méi Examen ofzehalen hunn.

Dofir hunn déi, déi an den Examenskommissioune sëtzen, och e Recht op eng generell Indemnitéit, heescht et aus dem Educatiounsministère. “Mat Ausnam vun den éischte 25 Kopië vu sengen eegene Schüler huet de Professer och Recht op eng Indemnitéit pro verbessert Examenskopie, dat heescht fir Kopië vum 26. Schüler aus senger eegener Klass un a fir Kopië vu Schüler aus anere Lycéeën, wou hien déi 2. oder 3. Korrektur mécht.

Ma wéi genee gesinn dës zousätzlech Indemnitéiten aus?

Dat hänkt als éischt emol vun der Längt vun der Epreuve of. Läit ee bei ënner zwou Stonnen, esou kritt ee 7,27 Euro pro Kopie, bei enger Zäit tëscht zwou an dräi Stonne sinn et 8,03 Euro pro Kopie a bei allem, wat iwwer dräi Stonnen dauert, sinn et 8,50 Euro pro Kopie.

Bei den Oralexamen ass et dann eng ganz änlech Situatioun. Hei sinn déi éischt 25 Schüler aus der eegener Klass an der normaler Indemnitéit mat dra. Fir all Oral, deen driwwer erausgeet, ginn et nach eng Kéier 8,03 Euro pro Examen.

Sinn d’Enseignanten dann och nach an enger Examenskommissioun, esou hu si e Recht op zousätzlech 98,50 Euro pro Sëtzung vun dëser Kommissioun.

Wat genee d’Korrektur vun den Examen 2024 kascht huet, kann een am Ministère zu dësem Zäitpunkt nach net soen. Dëse Chiffer huet een eréischt, wann d’Examensoperatiounen alleguerten ofgeschloss sinn, wat net virum Hierscht de Fall wäert sinn. De Chiffer vum leschte Joer ass een zu dësem Zäitpunkt nach amgaangen, auszerechnen.

D’Remuneratioune vun de Proffe waren net déi eenzeg Fro, déi RTL dem Educatiounsministère gestallt hat. Informatiounen no, déi eis zougedroe goufen, stoung e Feeler an engem Questionnaire vum Soziologiesexamen.

Schüler ass “keen Nodeel am Examen” entstanen

D’Schüler vun der GSO hunn an hirem Soziologie-Examen eng zousätzlech Informatioun misste kréien, well um Questionnaire e Feeler passéiert war. “Eng Fro am Questionnaire huet sech op d’Evolutioun vun der Altersstruktur vun der Lëtzebuerger Populatioun an zwou ënnerschiddlechen Zäitspane bezunn. Wärend den Titel vun der Fro des zwou ënnerschiddlech Zäitspane kloer erwäänt huet, hunn déi zwou Ënnerfroe sech allen zwee op déi selwecht Zäitspan bezunn a waren domat identesch,” schreift den Educatiounsministère op Nofro hin.

D’Direktioune vum Lycée haten dëst bei de Kommissäre gemellt, déi dann och eng Kommunikatioun un déi betraffe Lycéeën erausginn hunn. D’Schüler kruten eng kloer Informatioun, wat d’Zäitspan vun den zwou Ënnerfroen ugeet, “esou datt hinne keen Nodeel am Examen entstanen ass.”

Wéi d’Exame global hei am Land ausgaange sinn, wäert de Ministère an der nationaler Statistik Ufank Juli matdeelen.

Fir d’Schouljoer 2023/2024 hunn d’Korrekture vum gesamte Premièresexamen e Budget vun 847.295 Euro ausgemaach, esou den Educatiounsministère. Do wier d’Sessioun vum Hierscht abegraff.

Back to Top
CIM LOGO