Vill lass bei der PoliceDräi Abréch um Freideg de Moien

RTL Lëtzebuerg
Um Freideg de Moien goufen der Police dräi Abréch an eng Wunneng gemellt. Dat zu Bous, Mënsbech an Zéisseng.
© RTL

Ënnert anerem goufe Suen a Kreditkaarte geklaut.

Zu Bierchem hat eng Persoun versicht um Rez-de-chaussée vun engem Haus anzebriechen.

Alkohol an Drogen

Am spéiden Donneschdegnomëtteg gouf zu Ettelbréck en Automobilist kontrolléiert, bei deem den Drogeschnelltest positiv war. Am Auto konnt d’Police ronn 136 Gramm Haschisch a Marihuana fannen. D’Droge goufe beschlagnaamt a géint de Mann gouf eng Plainte gemaach.

An der Nuecht op e Freideg gouf e weidere Chauffer géint 3 Auer zu Nidderkuer kontrolléiert. Hei war den Alkoholtest positiv. Hie krut de Fürerschäin entzunn, och hei gouf eng Plainte gemaach.

Back to Top
CIM LOGO