Am Laf vum DonneschdegmëttegDräi Accidenter mat allkéiers engem Blesséierten op eise Stroossen

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdegmëtteg ass et op eise Stroossen zu dräi Accidenter mat jeeweils engem Blesséierte komm.
© RTL

Um 12.10 Auer krute sech op der N04 tëscht der Cloche d’Or a Leideleng e Camion an en Auto ze paken. Eng Persoun gouf hei blesséiert. Op der Plaz waren d’Ambulanciere vu Beetebuerg an d’Stater Pompjeeën.

Géint 12.25 Auer gouf dann eng Persoun bei enger Kollisioun tëscht zwee Autoen um CR122 tëscht Fluessweiler an Dräibuer blesséiert. Hei waren d’Pompjeeë vu Wuermer an d’Secouriste vu Réimech am Asaz.

Gutt zwou Stonnen drop krute sech dann zwee Autoen an der Stawelerstrooss zu Huldang ze paken. D’Ambulanciere vun Ëlwen a Clierf an d’Pompjeeë vun Ëlwen hu sech hei ëm ee Blesséierte gekëmmert.

Back to Top
CIM LOGO