Op eise StroossenDräi Accidenter mat allkéiers zwee Blesséierten a vill Motorradschutten

RTL Lëtzebuerg
Fir d'Ekippe vum CGDIS gouf et e Samschdeg am Laf vum Dag vill ze dinn.

Zu Ischpelt koum et e Samschdeg de Moien 11.15 Auer zu engem uergen Accident, wéi eng Persoun vun engem Camion ugestouss gouf. Dat mellen d’Nout- a Rettungsdéngschter. E Rettungshelikopter war op der Plaz. Méi Informatioune ginn et aktuell net.

Weider sinn de Mëtten am Ganze véier Motocycliste bei Chutte blesséiert ginn. Dat zu Beeler, op der Tréierer Autobunn, zu Riedgen an tëschent Konsdref a Bäerdref.

An tëschent Miedernach an der Fiels sinn zwee Autoen aneneegerannt, hei goufen et zwee Blesséierter.

Och allkéiers zwee Blesséierter gouf et bei Accidenter am Laf vum Moien. Op der A3 a Richtung A1 war kuerz no 6 Auer en Auto Accidentéiert an géint 10 Auer waren vu Steenem a Richtung Iechternach zwee Autoen net laanschtenee komm.

Back to Top
CIM LOGO