Um MëttwochowendDräi Accidenter mat am Ganze fënnef Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
Am Laf vum Mëttwochowend ass et op eise Stroossen zu dräi Accidenter komm.

Um 18.20 Auer krute sech am Tunnel Munneref op der A13 zwee Autoen ze paken. Hei gouf et ee Blesséierten. Op der Plaz waren d’Pompjeeë vu Munneref an Uespelt an d’Ambulanz vun Diddeleng.

Eng weider Persoun gouf blesséiert, ewéi um 18.35 Auer en Auto zu Fëlschdref e Moto ze pake krut. Hei waren d’Pompjeeë vun Duelem an d’Ambulanz vun Diddeleng am Asaz.

Eng zéng Minutten drop gouf et dann en Accident mat dräi Autoen op der Rossmillen. D’Pompjeeë vu Wäiswampech an d’Ambulanze vun Ëlwen a Clierf waren hei op der Plaz, fir sech ëm dräi blesséiert Persounen ze këmmeren.

Back to Top
CIM LOGO