
Rettungsekippe vu Lëntgen a Miersch waren op der Plaz.
Kuerz duerno, géint 11.28 Auer hat et zu Esch gerabbelt. Och hei waren an der Rue de Luxembourg zwee Autoen net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert, am Asaz waren d’Pompjeeën an d’Ambulanz vun Esch.
E weidere Blesséierte gouf et dann nach um 14.30 Auer um CR142 tëschent Fluessweiler an Uewerdonwen. En Automobilist ass hei géint e Bam gerannt. D’Secouriste vu Mäertert, Fluessweiler a Wuermer hu sech ëm hie gekëmmert.
Um 15.06 krut den 112 dann nach e Feier gemellt, dat zu Bieles um Boulevard des Lumières. Hei hat d’Isolatioun vun enger Fassad gebrannt. Et gouf awer keng Blesséierter.